(ENGLISH TRANSLATION below)
(TRADUCTION FRANCAISE en bas)
De Projet « Vum HéiereSoen », initiéiert duerch d’regionaalt Kulturhaus Cube521 zu Maarnech, ass eng Ausenanersetzung mat Erliefnisser, Erzielungen, an Evenementer am Clierfer Kanton wärend dem Zweete Weltkrich a méi konkret der Ardennenoffensiv.
Zanter der Saison 2024/2025 maachen sech déi zwee Kënschtler Betsy Dentzer a Misch Feinen op eng Sich:
Wat gëtt bis haut erzielt? Wéi eng Spuere fanne mir nach haut erëm?
Wéi setze mir dat, wat gëschter geschitt ass, en Lien mat deem, wat haut geschitt?
Wat huet dat fir en Impakt op muer?
A virun allem: WAT HUET DAT ALLES MAT MIR ZE DINN?
Si interesséieren sech dobäi virun allem fir de Bléck vun den haitege Generatiounen op dat wat deemools war, spille mat Wierder a Begrëffer, stellen sech Zenarie vir an hunn dobäi ee wichtege Fokus: de Mënsch an dat wat en ausmécht: seng Emotiounen, seng Dreem, seng Bezéiungen - an d’Spueren déi en hannerléisst.


Iwwert de Wee vun enger intensiver multimedialer Recherche, mee och duerch Visitten, Begéinungen a Gespréicher mat Leit aus der Regioun, mat Institutiounen a Veräiner a mat Kënschtler.inne vu verschiddenen Disziplinnen probéieren si, eng Essenz eraus ze filtere, fir am Februar 2027 e besonnescht Erliefnis fir all Mënsch ze kreéieren.
Zwee Owender ënnert dem Titel “Weess de nach? Weess de wat?!” am Oktober 2025 an am Abrëll 2026 am Cube521 zu Maarnech maache Begéinungen an den Austausch tëscht Leit aus der Regioun an aus dem ganze Land méiglech an erlaben et deenen zwee Kënschtler, Momenter vun hirem Kreatiounsprozess ze deelen, ma och weider Iddien ze sammelen.

“Drei Liter!” soll de performativen Owend heeschen, deen um Enn entsteet - eng interaktiv Entdeckungsrees iwwert e puer Statiounen, duerch Erzieltes, Erlieftes, Reelles an Erfonntenes, geschwat, gespillt, gezeechent, niddergeschriwwen an opgeholl, souwuel gëschter wéi och haut.
Ma net nëmmen de finale Moment vum Projet soll interaktiv sinn: schonn am Kreatiounsprozess wëllen si sech duerch aner Mënsche begleede loossen. Sou lancéieren si, ganz am Vocabulaire un den deemolege militäreschen Asätz, eng Lëscht vu KOMMANDO’EN, déi iwwert digital Kommunikatiounsplattformen mee och per Flyer ënnert d’Leit bruecht ginn.D’Ëmsetzung vun dëse kënschtlereschen a poeteschen “Uerderen” sollen et all Mënsch erlaben, um Kreatiounsprozess deel ze huelen. Dat gesammelt Material erlaabt et de Kënschtler ausserdeem, hiert Stéck weider ze denken, an dem spéidere Publikum déi ganz Panoplie vum Mënsch-Sinn ze präsentéieren.




Hutt och dir Loscht, fir iech kommandéieren ze loossen ? Är Beiträg erlaben eis et, déi ganz Villfalt vun der Gesellschaft ze weisen, Mënsche mateneen ze konfrontéieren, ma och Reflexiounen an e Meenungsaustausch unzestoussen.
Fäert net, a schéckt eis elo är Beiträg zou: hello@erzielkonscht.lu
oder och gäre via Post op: Erzielkonscht a.s.b.l.
22, rue des Platanes
L-8072 Bertrange
Är Mataarbecht erlaabt dir eis, des an eise Kreatiounsprozess mee och an eise finalen Owend “Drei Liter!” anzebauen. Mir erlaben eis aus Grënn vu kënschtlereschem Choix, Beiträg unzepassen an ze kierzen, resp. ganz ewech ze loossen.
ALL VERWÄERTUNG ASS STRIKT ANONYM.
Reegelméisseg aktualiséiert Informatiounen zum Projet fannt dir hei um Site, awer och op eiser Instagram-Säit an op Facebook.


The project “Vum HéiereSoen”, initiated by the regional cultural centre Cube521 in Marnach, is an exploration of experiences, narratives, and events in the Canton of Clervaux during the Second World War, and more specifically the Battle of the Bulge.
Since the 2024/2025 season, the two artists Betsy Dentzer and Misch Feinen have been embarking on a search: What is still being told today? Which traces can we still find? How do we connect what happened yesterday with what is happening today? What impact does this have on tomorrow?
And above all: WHAT DOES ALL OF THIS HAVE TO DO WITH ME?
They are particularly interested in how present-day generations view what happened back then. They play with words and concepts, imagine scenarios, and maintain a key focus throughout: the human being and what defines them—their emotions, dreams, relationships, and the traces they leave behind.
Two evenings under the title “Weess de nach? Weess de wat??!” in October 2025 and April 2026 at Cube521 in Marnach will enable encounters and exchanges between people from the region and from across the country, allowing the two artists to share moments from their creative process while also gathering further ideas.
The performative evening that will emerge at the end is titled “Drei Liter!”—an interactive journey of discovery across several stations, through stories told, experiences lived, real and imagined events, spoken, acted, drawn, written down, and recorded, from both the past and the present.
But it is not only the final moment of the project that is meant to be interactive: already during the creative process, they want to be accompanied by other people. In keeping with the vocabulary of the military operations of the time, they are launching a list of COMMANDS (see flyer above), distributed both via digital communication platforms and flyers. The implementation of these artistic and poetic “orders” will allow anyone to participate in the creative process. The material collected will also enable the artists to further develop their piece and present the full spectrum of human experience to the audience later on.
Don’t be afraid—send us your contributions now: hello@erzielkonscht.lu
or by post to:
Erzielkonscht a.s.b.l.
22, rue des Platanes
L‑8072 Bertrange
Your participation will allow us to incorporate your input into our creative process as well as into the final evening, “Three Litres!”. For reasons of artistic choice, we reserve the right to adapt, shorten, or omit contributions entirely.
ALL SUBMISSIONS WILL BE TREATED STRICTLY ANONYMOUSLY.
Regularly updated information about the project can be found on our website, as well as on our Instagram and Facebook pages.
Le projet « Vum HéiereSoen », initié par le centre culturel régional Cube521 à Marnach, explore les expériences, les récits et les événements survenus dans le canton de Clervaux pendant la Seconde Guerre mondiale, et plus particulièrement lors de la Bataille des Ardennes.
Depuis la saison 2024/2025, les deux artistes Betsy Dentzer et Misch Feinen se sont engagés dans une recherche : Qu’est-ce qui se raconte encore aujourd’hui ? Quelles traces pouvons-nous encore retrouver ? Comment relier ce qui s’est passé hier à ce qui se passe aujourd’hui ? Quel impact cela a-t-il sur demain ?
Et surtout : EN QUOI CELA ME TOUCHE-T-IL PERSONNELLEMENT?
Ils s’intéressent tout particulièrement à la manière dont les générations actuelles portent un regard sur les événements du passé. Ils jouent avec les mots et les concepts, imaginent des scénarios et gardent tout au long du processus un point central : l’être humain et ce qui le définit — ses émotions, ses rêves, ses relations et les traces qu’il laisse derrière lui.
Deux soirées intitulées « Weess de nach? Weess de wat??! », en octobre 2025 et en avril 2026 au Cube521 à Marnach, permettront des rencontres et des échanges entre des personnes de la région et de tout le pays. Ces moments offriront aux deux artistes l’occasion de partager des étapes de leur processus de création tout en récoltant de nouvelles idées.
La soirée performative qui en résultera portera le titre « Drei Liter! » — un parcours interactif à travers plusieurs stations, un voyage de découverte fait d’histoires racontées, d’expériences vécues, d’événements réels ou imaginés, dits, joués, dessinés, écrits et enregistrés, issus du passé comme du présent.
Mais ce n’est pas seulement le moment final du projet qui se veut interactif : dès le processus de création, les artistes souhaitent être accompagnés par d’autres personnes. En s’inspirant du vocabulaire des opérations militaires de l’époque, ils lancent une série de COMMANDES (voir flyer ci-dessus), diffusées à la fois via des plateformes de communication numériques et par flyers. La réalisation de ces « ordres » artistiques et poétiques permettra à chacun·e de participer au processus créatif. Le matériel collecté aidera également les artistes à développer davantage leur pièce et à présenter ultérieurement au public toute la richesse de l’expérience humaine.
N’ayez pas peur — envoyez-nous vos contributions dès maintenant :
ou par courrier à :
Erzielkonscht a.s.b.l.
22, rue des Platanes
L-8072 Bertrange
Votre participation nous permettra d’intégrer vos apports aussi bien dans notre processus de création que dans la soirée finale, « Drei Liter! ». Pour des raisons artistiques, nous nous réservons le droit d’adapter, de raccourcir ou de ne pas utiliser certaines contributions.
TOUTES LES CONTRIBUTIONS SERONT TRAITÉES DE MANIÈRE STRICTEMENT ANONYME.
Des informations régulièrement mises à jour sur le projet sont disponibles sur notre site internet ainsi que sur nos pages Instagram et Facebook.