ZongenZodi
ErzielkonschtDen Här Pierre schafft am Wierderbüro.
All Dag um Punkt 8 Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen.
Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt!
Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt!
Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op…an op eemol geréit alles duercherneen !
ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.
Koproduktioun Escher Theater ; Erzielkonscht a.s.b.l.
Vun a mam Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer
Bünebild a Kostümer Peggy Wurth
Luucht Domenic Koehler
Bléck vu baussen Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons
Crédit photos : Patrick Galbats
Alter: Cycle 1 (Spillschoul), Cycle 2 > 4-5 ans
Dauer: 45’
Sprooch : Lëtzebuergesch
Location
Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
1 Pl. Marie-Adélaïde
L-9063 Ettelbruck
Location
Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
1 Pl. Marie-Adélaïde
L-9063 Ettelbruck