RadiOdyssee #12 : "AMUSE-BOUCHES"

Erzielkonscht

Tune in at 11am!

 

"Kein Genuss ist vorübergehend; denn der Eindruck, den er zurücklässt, ist bleibend." sot de Goethe.

 

An oh jo, Recht hat en, dee gudde Mann!

"Erënners de dech, an deem Restaurant do um Eck, do hate mer déi beschte Crème brûlée vun eisem Liewen! "

"Wann ech deen zarte Fësch-Filet vun e Samsden denken, da leeft mer nach eng Kéier d'Iessen am Mond zesummen!"

"Hei, déi Geschicht déi do erzielt gëtt, déi war vu vir bis hannen einfach nëmme genial, déi wäert ech net esou séier vergiessen. Hei et war esou..."

Euh Moment...geet Léift net duerch de Mo? Ma nee, mir weisen der dass se och duerch d'Ouer ka goen!

Wa mer esouvill vum Iesse schwätzen an eisem Alldag, da muss et dach eppes besonneg Wichteges fir eis sinn, oder? Schließlech hu wéinst dem Iesse Kricher ugefaang a virun allem opgehal, ganz Projet'en a Firme si bei engem gudde Beef-Steak an d'Liewe geruff ginn a vun elauter Gourmang huet su munchen sech selwer vergiess.

Allez hëpp, sëtz dech mat eis un den Dësch, mir fidderen déng Oueren mat enger décker Portioun Wierder, Iwwerleeungen, Diskussiounen an natierlech...Geschichten!

 

Location
Radio 100,7
Frequency 100,7 or later on the web: https://www.100komma7.lu/program/emission/radiodyssee

04-12-2022

Location
Radio 100,7
https://www.100komma7.lu/program/emission/radiodyssee