RadiOdyssee #9 - Der Däiwel!

Den Däiwel ass an Erzielungen a Seeërcher ni just dat Béist, jo heefeg esouguer éischter en Trëllert oder eng Aart Glécksbrénger, well generell dat Gutt Iwwerhand hëlt.

Diffusioun 5. Juni 2022 - 11h - Radio 100,7

D'RadiOdyssee-Ekipp huet bis déi lescht Erzielkonscht-Emissioun virun der Summerpaus gezéckt, éier se de Sujet "Der Däiwel!" ugaangen ass. Dobäi ass den Däiwel an Erzielungen a Seeërcher ni just dat Béist, jo heefeg esouguer éischter en Trëllert oder eng Aart Glécksbrénger, well generell dat Gutt Iwwerhand hëlt. Vläicht läit et um Invité, eise Philosoph Lukas Held, a seng philosophesch Vue op de Sujet?

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.