RadiOdyssee #8 - Schaff mol eppes!

Mir feieren, mat ganz ënnerschiddlechen Aktiven, den Dag vun der Aarbecht a "schaffe emol eppes". Oder ginn Erzielkënschtler:inne guer kengem richtege Beruff no??

Diffusioun 1. Mee 2022 - 11h - Radio 100,7

En armeenesche jonke Kinnek mécht eng Ausbildung als Konschthandwierker, fir e Baueremeedchen mat engem "richtege" Beruff ze beandrocken; e Lëtzebuerger Kënschtler reest als Houfschmadd duerch de Grand-Duché, fir finanziell iwwer d'Ronnen ze kommen ... an eiser Erzielkonschtemissioun RadiOdyssee feiere mir, mat ganz ënnerschiddlechen Aktiven, den Dag vun der Aarbecht a "schaffe emol eppes". Oder ginn Erzielkënschtler:inne guer kengem richtege Beruff no??

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.