RadiOdyssee #7 - Wierklech?!

Den Abrëll, dee mécht wat e wëll? Do maache mir an eiser Erzielkonschtémissioun RadiOdyssee natierlech mat!

Diffusioun 3. Abrëll 2022 - 11h - Radio 100,7

Den Abrëll, dee mécht wat e wëll? Do maache mir an eiser Erzielkonschtémissioun RadiOdyssee natierlech mat! Mir streeë Fake news, deelen urban legends, konstatéieren, datt Verschwörungstheorië well schonn eng Plaz am Musée hunn a verroden iech, wat d'Erzielkonscht zum Theema ze bidden huet. Also maacht och dir mat; fräi nom moderne Managermotto: jiddereen ass e Storyteller!

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.