RadiOdyssee #5 - All you need is love

Pünktlech fir Vältesdag denkt d'Ekipp vun der RadiOdyssee un, iwwer a mat Léift.

Diffusioun: 6. Februar 2022 - 11:03 um Radio 100,7

Pünktlech fir Vältesdag denkt d'Ekipp vun der RadiOdyssee un, iwwer a mat Léift. Kann een d'Léift definéieren, a fir wien oder wat kann ee Léift empfannen? An da gëtt et och nach d'Zäit no der Léift ... D'Léift an all hire Formen a Faarwen, ënnerwee op der ... RadiOdyssee

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.