RadiOdyssee #4 - Neiufank

De Sujet "Neiufank" ass wahrscheinlech esou al ewéi d'Mënschheet: an der traditioneller Erzielkonscht ass en all Zäit gutt vertrueden.

Diffusioun: 2. Januar 2022 - 11:03 um Radio 100,7

En etlech schwätze vun engem NEI-Ufank, fänken awer net konkret NEI un. Wat huet déi traditionell Erzielkonscht zu dësem Theema ze bidden? Zum Beispill Schlaangen, déi sech an de Schwanz bäissen oder en Zauberwaasser, fir der Léift am Alldag neien Driff ze ginn.

An eiser Emissioun RadiOdyssee loosse mir zousätzlech eng NEI Generatioun Kënschtler, déi mat NEIE Medie schafft, zu Wuert kommen.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.