RadiOdyssee #3 - Sage-Fou

Fir d'Joer besënnlech an och geckeg ofzeschléissen, attackéiere mir am Dezember an eiser Erzielkonschtémissioun RadiOdyssee de "sage fou".

Diffusioun: 5. Dezember 2021 - 11:03 um Radio 100,7

Den Hodscha Nasreddin, den Till Eulenspiegel, d'Schildbierger vu Schilda....d'Lëscht vun de weise Gecken an der traditioneller Erzielkonscht ass laang. Wat faszinéiert, intrigéiert, beonrouegt un den sougenannten "sages fous"? Firwat hate si d'Recht Mächtegen de Spigel virzehalen, ouni bestrooft ze ginn? An eiser Erzielkonschtémissioun RadiOdyssee versiche mir dësem Personnage humor- ma och respektvoll méi no ze kommen.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.