RadiOdyssee #18 - FEST

Et war e FEST, an zwar Mëtt Juni, an der aktueller ungarescher Kulturhaaptstad Veszprém. FEST ass d'Ofkierzung fir Federation for European Storytelling.

Diffusioun 2. Juli 2023 - 11h - Radio 100,7

"C'est la fête au village"? Et war e FEST, an zwar Mëtt Juni, an der aktueller ungarescher Kulturhaaptstad Veszprém. FEST ass d'Ofkierzung fir Federation for European Storytelling. Eis zwou Erzielkënschtlerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer si Member bei deem Netzwierk. An eiser leschter RadiOdyssee virun der Summerpaus geet d'Rees deemno op Veszprém, net wäit vum Platteséi. Ei, E FEST.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.