RadiOdyssee #17 - Tell it again, Sam

Eis Juni RadiOdyssee dréint ronderëm den Erzielspektakel "Tell it again, Sam", vun eisen Erzielerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer.

Diffusioun 4. Juni 2023 - 11h - Radio 100,7

Den éischte Junisonndeg huele mir Iech fir eng nei RadiOdyssee mat an den Theater. An zwar mat op an hannert d'Bün: an d'Prouwen an an d'Opféierung vum Erzielkonscht-Spektakel "Tell it again, Sam", eng Kreatioun vun eisen Erzielerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer, a Kollaboratioun mat der Perkussionistin Louisa Marxen.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.