RadiOdyssee #16 - Good witches, bad witches

D'Luisa Bevilacqua, d'Betsy Dentzer an d'Kerstin Thalau maache sech op d'Sich no "good witches" a "bad witches" an der Erzielkonscht an an den Humanwëssenschaften.

Diffusioun 7. Mee 2023 - 11h - Radio 100,7

Si hunn intrigéiert, goufe bewonnert a gefaart, verfollegt a verbrannt. An haut? Ass den Terme "Hexen" just nach gutt, fir anerer ze vernennen? Oder erlieft e grad eng Renaissance, eng Revalorisatioun, an designéiert weis Mënschen?

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.