RadiOdyssee #15 - Cinderella

D'Kerstin Thalau hëlt mat den Erzielerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer d'Äschebréidel-Mäerchen ausenaner, fir et endlech fräizeloossen.

Diffusioun 2. Abrëll 2023 - 11h - Radio 100,7

Wat war fir d'éischt do: d'Äschebréidel oder Cendrillon? War d'Cinderella nuets mat enger verzauberter Kürbiskutsch ënnerwee? Huet et eng gëlle stoffe Schlapp oder e gliesene Schong verluer? Steet d'Meedche fir Stäerkt oder Angscht virun Onofhängegkeet, Mann oder Fra?? D'Erzielkënschtlerin Luisa Bevilacqua: "Et misst een eigentlech sech seng Geschicht siche goen: si ass do! Amplaz wëllen eng Geschicht béien, onbedéngt forcéiert senge Wënsch no, komm mir huelen emol eppes anescht, wéi dat, wat nëmme mainstream proposéiert gëtt.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.