RadiOdyssee #14 - Nativi-Tales

D'Erzielkonscht thematiséiert d'Gebuert heefeg op eng spilleresch, metaphoresch, jo fantastesch Manéier. Mir froe bei enger Hiewan no, wéi gesond dat fir zukünfteg Elteren ass.

Diffusioun 5. Mäerz 2023 - 11h - Radio 100,7

"D'Gebuert schéngt e Schwéierverbriechen ze sinn, vu datt se mam Doud bestrooft gëtt", soll de Voltaire dréche konstatéiert hunn. D'Erzielkonscht thematiséiert d'Gebuert dogéint heefeg op eng spilleresch, metaphoresch, jo fantastesch Manéier.
Mir froe bei enger Hiewan no, wéi gesond dat fir zukünfteg Elteren ass. RadiOdyssee, fir datt dat mat de Fréijoersgefiller och klappt!

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.