RadiOdyssee #13 - Schéin Hënt

D'Nuecht spillt an der Erzielkonscht, an der Mythologie, och an der Musek eng wichteg Roll. Mir invitéieren Iech op eng RadiOdyssee op déi hell AN op déi däischter Säit vum Mound.

Diffusioun 5. Februar 2023 - 11h - Radio 100,7

Den zweete Februar bréngen d'Kanner Iech traditionell Freed a Liicht. Mee fir de Rescht dominéiert dëse Mount d'Däischtert. Dowéinst spillt d'Nuecht an der Erzielkonscht, an der Mythologie, och an der Musek eng wichteg Roll. Mir invitéieren Iech op eng RadiOdyssee op déi hell AN op déi däischter Säit vum Mound.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.