RadiOdyssee #12 - Amuse-bouches

Mat vollem Mond schwätzt een net; erzielt een awer? Dat teste mir haut an der leschter RadiOdyssee fir 2022: Amuse-bouches als Amuse-oreilles.

Diffusioun 4. Dezember 2022 - 11h - Radio 100,7

Verschiddener denke beim Term "Feierdag" un "Iess-Marathon".
Lauschtert dëse Sonndeg eis Emissioun RadiOdyssee: mat der Ënnerstëtzung vun de voll fetten Amuse-bouchë vun der Erzielkonscht huelt Dir déi Kéier elegant d'Kéier.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.