RadiOdyssee #11 - [Zwerg-Fäll]

RadiOdyssee an d'[Zwerg-Fäll]. Wat verbënnt Gnomen, Wiichtelcher, Heinzelmännercher, Elfen, Lutinen, Korriganen ...? Wou koume si eigentlech hier? Si si vum Himmel gefall?

Diffusioun 6. November 2022 - 11h - Radio 100,7

Wéinst hirer klenger Gréisst passen déi do, an nach vill anerer, all mateneen an d'Kategorie Zwerg-Fäll. Mee, wou koume si eigentlech hier? Si si vum Himmel gefall?

Dozou d'Erzielkënschtlerin Luisa Bevilacqua:

"Eng vun de méiglechen Originne vun den Zwerge gëtt zeréckgeféiert op de Konflikt tëschent Lucifer a Gott, wou d'Zwergen eigentlech Engele waren, déi sech do net agemëscht hunn, déi neutral waren, an déi duerno op d'Äerd gejummt goufen."

Do vergeet engem natierlech d'Loscht op Neutralitéit.

Méi dozou an eiser Erzielkonschtemissioun. Zwerge-Fäll ... vläicht och eppes fir Äert Zwerchfell!

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.