RadiOdyssee #10 - Hit the road

An der éischter RadiOdyssee vun der Saison 2022/23 teste mir den Effet vum Reesen op d'Erzielkonscht. Stréckt Iech un a sidd dobäi!

Diffusioun 2. Oktober 2022 - 11h - Radio 100,7

Wien op d'Rees geet, huet duerno eppes ze erzielen. No enger Odyssee kéint ee ganz Bicher fëllen. An no enger RadiOdyssee? Ass säin Erzielfloss net méi ze bremsen?? An der éischter RadiOdyssee vun der Saison 2022/23 teste mir den Effet vum Reesen op d'Erzielkonscht. Stréckt Iech un a sidd dobäi!

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.