RadiOdyssee #6 - Podcast

Publication : 09-03-2022

#Erzielkonscht #art du conte #Buergbrennen brûler l'hiver #feu lumière #rituels traditions #printemps #renouveau #Norouz - Nouvel An perse

Diffusioun 6. Mäerz 2022 - 11h - Radio 100,7

Et geet ëm déi grouss Botz, ëm d'Erneierung ... vun an an der Natur, a wéi dat an Erzielungen, an der Konscht a vun der Traditioun opgegraff gëtt. Keng Angscht, Dir gitt net dozou opgefuerdert, al Biesemen ze schwéngen, mee gitt méi iwwer eng nei Recherche iwwer eist aalt Buergbrenne gewuer, wéi d'Literatur dat arabescht Fréijoer thematiséiert huet, a wéi Wanter a Fréijoer sech fantasievoll an d'Hoer kréien.

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Falls dir eis verpasst hutt, keng Angscht! Dir kënnt all Episoden als Podcast op eiser Säit fannen oder och an der Médiathéik vum Radio 100komma7.

Bonne écoute!