RadiOdyssee #14 - Podcast

Publication : 07-03-2023

#Erzielkonscht - art du conte - storytelling #Gebuert - naissance - birth

Diffusioun 5. Mäerz 2023 - 11h - Radio 100,7

"D'Gebuert schéngt e Schwéierverbriechen ze sinn, vu datt se mam Doud bestrooft gëtt", soll de Voltaire dréche konstatéiert hunn. D'Erzielkonscht thematiséiert d'Gebuert dogéint heefeg op eng spilleresch, metaphoresch, jo fantastesch Manéier.
Mir froe bei enger Hiewan no, wéi gesond dat fir zukünfteg Elteren ass. RadiOdyssee, fir datt dat mat de Fréijoersgefiller och klappt!

 

Falls dir eis verpasst hutt, keng Angscht! Dir kënnt all Episoden als Podcast op eiser Säit fannen oder och an der Médiathéik vum Radio 100komma7.