RadiOdyssee #11 - Podcast

Publication : 07-11-2022

#Zwerg - nain - dwarf



Diffusioun 6. November 2022 - 11h - Radio 100,7

Wéinst hirer klenger Gréisst passen déi do, an nach vill anerer, all mateneen an d'Kategorie Zwerg-Fäll. Mee, wou koume si eigentlech hier? Si si vum Himmel gefall?

Dozou d'Erzielkënschtlerin Luisa Bevilacqua:

"Eng vun de méiglechen Originne vun den Zwerge gëtt zeréckgeféiert op de Konflikt tëschent Lucifer a Gott, wou d'Zwergen eigentlech Engele waren, déi sech do net agemëscht hunn, déi neutral waren, an déi duerno op d'Äerd gejummt goufen."

Do vergeet engem natierlech d'Loscht op Neutralitéit.

Méi dozou an eiser Erzielkonschtemissioun. Zwerge-Fäll ... vläicht och eppes fir Äert Zwerchfell!

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Falls dir eis verpasst hutt, keng Angscht! Dir kënnt all Episoden als Podcast op eiser Säit fannen oder och an der Médiathéik vum Radio 100komma7.