RadiOdyssee #1 - Podcast

Publication : 04-10-2021

#Erzielkonscht #art du conte #storytelling #Luxembourg

Diffusioun 3. Oktober 2021 - 11h - Radio 100,7

Wat ass Erzielkonscht? Wou kënnt d'Erzieltraditioun hier? A firwat ass se weltwäit ënnerschiddlech unerkannt? Wéi aktuell sinn Thematiken, d'Personnagen aus ale Geschichten a Märercher haut?

Déi zwou Expertinne vum Fach, d'Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Falls dir eis verpasst hutt, keng Angscht! Dir kënnt all Episoden als Podcast op eiser Säit fannen oder och an der Médiathéik vum Radio 100komma7.

Bonne écoute!