RadiOdyssee #2 - Podcast

Publication : 08-11-2021

#Erzielkonscht #art du conte #storytelling #Luxembourg #FEST - Federation for European Storytelling #Svendborg - Denmark #multicultural #no borders

Diffusioun 7. November 2021 - 11h - Radio 100,7

RadiOdyssee ... hëlt Iech mat op e besonnescht FEST, op eng Feier, bei där 96 Erzielkënschtler aus 26 Länner eng Zopp mat Steng preparéieren, eng Delikatess fir sämtlech Oueren. FEST steet nämlech och nach vir Federation for European Storytelling, an d'Membere vun dësem Club wëssen natierlech vu wat, a wéi, se schwätzen.

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

---virgue---

Falls dir eis verpasst hutt, keng Angscht! Dir kënnt all Episoden als Podcast op eiser Säit fannen oder och an der Médiathéik vum Radio 100komma7.

Bonne écoute!