Projet Conte-Quest: Kick-Off

Publication : 22-02-2022

#Isabelle bolliri #luisa Bevilacqua #betsy dentzer #erzählkunst #storytelling #Storytellers in Europe

Den 22. Januar 2022 war et endlech esou wäit: am Théâtre des Capucins koum et zum Startschoss vum neien Erzielkonscht - Projet Conte-Quest.

 

 

Wat soll dat da sinn? Nach ee Kanner-Märerchers-Festival??

 

Fir déi Persounen, déi dobäi waren, sollt et spéitstens elo zimmlech kloer sinn datt Conte-Quest genau dat NET ass.

 

Fir déi aner maache mir nach eemol e klenge Briefing op dëser Plaz :

D‘Betsy Dentzer an d‘Luisa Bevilacqua hunn eis unhand vun hire perséinleche Parcoursen an historesche Beispiller a virun allem mat vill Humor an d’Welt vun hirer Konscht agefouert an eis och nach e puer Geschichten op d’Ouer ginn. Interessant waren déi sëlleg e.a. literaresch Referenzen, déi zitéiert goufen an illustréiert hunn, datt d‘Geschichtenerzielen an alle Kulturen an zu all Zäit zum Liewen gehéiert mee fälschlecherweis ëmmer nees am Kannerrayon lant.

 

 

Déi zwou Erzielerinnen hunn awer och vun der Geleegenheet profitéiert, fir ee ganz konkrete Projet virzestellen, deen d'Associatioun Erzielkonscht iwwert déi zwou nächst Saison'en wäert stäipen:

Conte-Quest ass souzesoen en Experiment, bei deem en erwuessene Publikum an d’Konscht vum Erzielen andauche kann. Eng sëllege Rendezvous'en op ongewinnte Plazen an der Stad Lëtzebuerg stinn um Programm, fir d'Ouere vun den Erwuessenen ze erueweren.

Donieft kann een eemol de Mount um Radio 100,7 an der Genoss vun der Sendung RadiOdyssee kommen. A 60 Minutten dréit sech alles ronderëm d’Erzielkonscht, d’oral Literatur an eis haiteg Lien’e mat den Themen an den ale Geschichten aus aller Welt.

Méi iwwert de Projet Conte-Quest fannt dir hei.

 

A wien och wierklech keng Spiicht wëllt verpassen, dee ka sech gären op den Erzielkonscht-Newsletter abonéieren.