The Family of Man: Audioguides "Vu Kanner fir Kanner"

Publication : 06-02-2025

#CNA #Family of Man #Edward Steichen #Audioguide #Betsy Dentzer

(scroll down for the English translation)

 

Virun e bësse méi laangem schonn hate mir iech kuerz vun eiser Kollaboratioun mam Centre National Audiovisuel, méi genee mat der Equipe ronderëm d’Ausstellung « The Family of Man » zu Klierf am Schlass (dem Anke Reitz, dem Carole Schmit an dem Olivier Pierson) geschwat.

De Projet, un deem mir vun 2023 bis 2024 geschafft hunn, war e participative Prozess mat Schüler aus 3 Klasse vun der EIES (Ecole Internationale Edward Steichen) zu Reiler. Zesumme mat hiren Enseignant.e.s., de Responsabele vum CNA a weidere Spezialist.inn.e vu baussen hu si un Audioguides « Vu Kanner fir Kanner » geschafft, déi an Zukunft deene jonke Visiteuren déi berüümte Fotoausstellung méi zougänglech solle maachen…an enger altersgerechter Sprooch a mat fir jonk Mënschen interessanten Informatiounen ronderëm d’Fotoen, d’Theme vun der Expo ma och den Edward Steichen selwer. Si goufen dobäi vun Erwuessene guidéiert a beroden, ma et sollt HIERE Projet bleiwen.

No enger éischter guidéierter Visite (an där hire Genoss mir och spéider sollte kommen) sinn d’Schüler.innen zréck an hier Klasse gaangen fir un de verschiddenen Themeberäicher vun der Expo ze schaffen. Si hunn déi wichteg Informatiounen a Form vun Dialoger opgeschriwwen, fir déi spéider jonk Nolauschter.innen op eng lieweg Aart a Weis duerch d’Ausstellung ze féieren. D’Texter goufen a 4 verschiddene Sproochen ausgeschafft : Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch, an herno goufen déi néideg Iwwersetzunge gemaach, fir all Beräich an all Sprooch kënnen ofzedecken.

No e puer Tier Verbesserungen an Ännerungen louche schliisslech déi definitiv Texter um Dësch an déi Jonk konnten ufänken ze prouwen :

 

Wéi liesen ech en Texte sou an, dass een anere Loscht kritt mer nozelauschteren ?

Wéi schwätzen ech den Texte sou, dass een net méi héiert, dass ech ofliesen?

Wéi eng Wierder muss ech wéi betoune fir dass de Saz déi richteg Bedeitung fir d’Nolauschter.inne kritt?

Wéi kréien ech Emotiounen an de Saz?

Wéi kréien ech et hin, däitlech ze schwätzen?

Muss ech verschidde Sätz vläit nach ee Mol ëmschreiwe fir se besser ze schwätzen?..

.

D’Betsy Dentzer vun eiser Erzielkonscht-Associatioun huet versicht, des Froe gemeinsam mat de Schüler.innen ze beäntweren : an all Klass goufe Proufséancen organiséiert, fir déi Jonk fit ze maache fir hier Opnamen am Studio. Do dernieft huet hatt eng Rei nëtzlech Guidelines fir d’Klassen opgeschriwwen, sou dass si och dotëscht ëmmer nees konnte mat hieren Texter prouwen.

 

Spéitstens wéi d’Schüler.inne zu Diddeleng am CNA-Tounstudio ukoumen, fir ënnert der Leedung vum Philippe Mergen a mam Coaching vum Betsy hier Texter anzeschwätzen, hu si gemierkt, wéi vill Verantwortung si op ee Mol haten. Bei méi ewéi engem hunn d’Nerven uerdentlech gefladdert; ma d’Stëmmung am Studio war esou gutt, dass d’Nervositéit séier verflu war. D’Aarbechtszäit ass fléissend an awer ouni Stress verlaf an d’Schüler.inne konnte mat ganz vill Houfert nees heem fueren.

De Projet mat deene Jonken huet eis d’Méiglechkeet ginn, eis Kompetenzen eemol anescht anzesetzen, an zwar net bei engem vun eisen eegenen Optrëtter, mee duerch d’Weidergi vun eiser Erfarung u jonk Mënschen, déi bis dohinner nach net dacks mam Schwätzen an der Ëffentlechkeet ze dinn haten. En duerch an duerch gelongene Projet an enger valorisanter Equipe!

D’Resultat vun der Aarbecht mat deene Jonke kann ee vum 1. Mäerz un entdecken, dëst direkt sur Place am Clierfer Schlass, wou d’Ausstellung The Family of Man jo hiert Doheem huet. Mir hoffen, dass vill jonk Mënschen vun dësem Resultat kënne profitéieren, a kënnen et selwer kaum erwaarde, fir déi éischte Kéier d’Kopfhörer an der Expo unzedoen!

En Extrait aus dem Reider vun der Gemeng Cliärref gëtt en zousätzlechen Abléck an de Projet.

Nieft der enker Zesummenaarbecht mat deene Jonke war och déi erneit Begéignung mam Personnage vum Edward Steichen a mat sénger wäertvoller Aarbecht e ganz besonneschtt Erliefnis. D'Theme vun der Ausstellung sinn haut esou aktuell ewéi scho laang net méi. Mir kënnen eng Visite inklusiv den Hannergrondinformatioune via Audioguide just recommandéieren.

 

 


ENGLISH

A while ago, we briefly mentioned our collaboration with the Centre National de l'Audiovisuel, more precisely with the team behind the "Family of Man" exhibition at Clervaux Castle, Anke Reitz, Carole Schmit and Olivier Pierson.

The project, which we worked on from 2023 to 2024, was a participatory process involving students from three classes at the Ecole Internationale Edward Steichen (EIES) in Reuler. Together with their teachers, the CNA coordinators, and additional external specialists, the students developed audio guides, "By Children for Children," aimed at making the renowned photo exhibition more accessible to young visitors—using age-appropriate language and providing information about the photographs, the exhibition themes, and Edward Steichen himself. While adults guided and advised the young people, the project was meant to be theirs.

After an initial guided tour (which we, too, later had the pleasure of experiencing), the students returned to their classrooms to work on different thematic areas of the exhibition. They wrote the essential information in the form of dialogues, in order to lead young listeners through the exhibition in a lively way. The texts were created in four languages—English, French, German, and Luxembourgish—and later translated as needed to ensure full coverage in all languages.

 

After several rounds of improvements and revisions, the final texts were ready, and the students could start rehearsing:

 

How do I read a text so that others actually want to listen to me?

How do I speak in a way that doesn’t sound like I’m just reading aloud?

Which words should I emphasize to convey the right meaning to listeners?

How do I bring emotions into a sentence?

How can I speak clearly?

Do I need to rephrase certain sentences to make them easier to say?

 

Betsy Dentzer worked with the students to answer these questions. In every class, rehearsal sessions were organized to prepare the kids for their studio recordings. Additionally, she wrote down a series of useful guidelines for the classes, so they could practice with their texts in between sessions.

By the time they arrived at the CNA sound studio in Dudelange to record their texts under the direction of Philippe Mergen and with coaching from Betsy, they realized just how much responsibility they had taken on. More than one of them felt serious nerves—but the atmosphere in the studio was so positive that the nervousness quickly disappeared. The work was smooth yet stress-free, and the students went home with a great sense of pride.

This project with young people gave us the opportunity to work with our skills in a different way—not in one of our own performances but by passing on our experience to young people who had rarely spoken in public before. A truly heartwarming project with an incredibly motivating team!

The result of this collaboration will be available from March 1st 2025, directly at Clervaux Castle, where the Family of Manexhibition is permanently housed. We hope many young visitors will benefit from it, and we can hardly wait to put on the headphones and listen for ourselves!

A feature in the Reider from the municipality of Clervaux offers additional insights into the project.

In addition to the close collaboration with the young participants, reconnecting with the figure of Edward Steichen and his invaluable work was a truly special experience. The themes of the exhibition are more relevant today than ever. We can only recommend a visit, including the background information provided via the audioguide.