RadiOdyssee #6 - Alles muss eraus!

Thema ass d'Erneierung vun an an der Natur, a wéi dat an Erzielungen an an der Konscht opgegraff gëtt.

Diffusioun: 6. Mäerz 2022 - 11:03 um Radio 100,7

Et geet ëm déi grouss Botz, ëm d'Erneierung ... vun an an der Natur, a wéi dat an Erzielungen, an der Konscht a vun der Traditioun opgegraff gëtt. Keng Angscht, Dir gitt net dozou opgefuerdert, al Biesemen ze schwéngen, mee gitt méi iwwer eng nei Recherche iwwer eist aalt Buergbrenne gewuer, wéi d'Literatur dat arabescht Fréijoer thematiséiert huet, a wéi Wanter a Fréijoer sech fantasievoll an d'Hoer kréien.

Déi zwou Erzielerkënschtlerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.