RadiOdyssee #2 - Iwwer d'Grenzen eraus

RadiOdyssee invitéiert Iech op d'Fest vu FEST, d'Federation for European Storytelling. Um Menu: eng herrlech Stengszopp!

Diffusioun: 7. November 2021 - 11:03 um Radio 100,7

Deen zweeten Episod vu RadiOdyssee hëlt Iech mat op e besonnescht FEST, op eng Feier, bei där 96 Erzielkënschtler aus 26 Länner eng Zopp mat Steng preparéieren, eng Delikatess fir sämtlech Oueren. FEST steet nämlech och nach vir Federation for European Storytelling, an d'Membere vun dësem Club wëssen natierlech vu wat, a wéi, se schwätzen.

 

Geschichte si fir Kanner! Jiddweree kann erzielen! Legenden a Seeërcher hunn näischt mat haut ze dinn? Déi zwou professionell Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an d'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun, loossen Iech duerch Invitéen oder Live-Performancen erkennen, datt dat alles Märercher sinn. Wann ee seng Konscht versteet, sinn nämlech de Wollef oder eng Seuch aktuell Sujeten, iwwer déi ee spannend erziele kann.